D’Maklerkommissioun ass vum Verkeefer ze droen. Wann de Keefer e Sichmandat ënnerschreift, kann si och vum Keefer gedroe ginn.
10 % + TVA 17% vum Wäert vum Geschäft
Op Ufro empfeelen mir en Immobiliëxpert deen Geriichtlech unerkannt ass. D’Bewäertung gëtt rembourséiert wann duerno en exklusivt Verkaafsmandat mat enger Mindestdauer vu 3 Méint ofgeschloss gëtt.
Beim Ofschloss vum Locatiounskontrakt entsprécht d’Kommissioun engem Mountsloyer + TVA 17%, déi gläichméisseg (50/50) tëscht Propriétaire a Locataire gedeelt gëtt a virun der Schlësseliwiwerreschung ze bezuelen ass.
(No dem neie Gesetz a Kraaft zënter dem 01/08/2024)
D’Agencekäschte fir d’Locatioun entspriechen engem Mount Loyer + TVA 17%, ze droen vum Locataire.
D’Frais fir d’Locatioun entspriechen 2 Mountsloyer + TVA 17%, ze droen vum Locataire.
Den Entrée- an Sortieprotokoll souwéi den Inventaire fir miweléiert an equipéiert wunengen sinn op Käschte vum Proprietär.
Am Kader vun enger Gestioun gëtt kee Protokoll verrechent.
Am Kader vun enger Gestiounslocatioun variéieren d’Honorairen tëscht 5% an 10%, jee no Wichtegkeet vun den Immobilien, an si sinn op Käschte vum Proprietär.
An der Prestatioun abegraff: Entrée- a Sortieprotokoller, Inventaire a Representatioun bei Copropriétéitsversammlungen.
D’Käschte fir Servicer (Immobiliëberodung, administrativ Prozeduren, sinistre béi der assurance, Erstelle vu Locatiounskontrakter op Ufro fir Net-Klienten, asw.) ginn zu 50 €/Stonn + TVA 17% verrechent.
Dës Honorairen reflektéieren d’Qualitéit vun der Aarbecht, d’Zäit an d’Investissementer déi domat verbonne sinn.
D’Frais fir Representatioun bei Copropriétéits Versammlungen belafen sech op 150 € / Reunioun + TVA 17%.
D’Frais fir de Suivi vun Renovatiounen entspriechen 10% + TVA. Dës Honorairen ginn op Basis vum Totalbetrag vun de wierklech ausgeféierten Aarbechte gerechent.
D’Verkaafskommissioun rechtfäerdegt eis Servicer an eist Professionalismus. Mir suergen fir maximal Visibilitéit duerch:
Dës Honorairen reflektéieren d’Qualitéit vun der Aarbecht, d’Zäit déi investéiert gouf an d’Investissementer déi gemaach goufen.
Kritt eis Neiegkeeten direkt an Ärer Inbox
Dës Websäit ass duerch reCAPTCHA geschützt an et gëllen d’ Dateschutzbestëmmungen an Allgemeng Bedéngungen vu Google.