Mir bidden Iech an der locatioun eng méiwléiert Wunneng mat 2 Schlofzëmmeren, am 1. Stack mat Lift, ideal geleeën am Wunnkomplex „Parc de Walferdange“, um 132B, Route de Diekirch – L-7220 Helmsange.
Et handelt sech ëm eng schéin méibléiert Wunneng, Nummer 164, mat enger Wunnfläch vun 95,00 m² an engem iwwerdachten Balkon vun 6,16 m². Dobäi gehéiert eng Privatkeller (Nr. 11) vun 5,52 m², en Indoor-Parkplaz (Nr. 35) am Niveau -1 mat 12,00 m², souwéi eng privat Plaz an der gemeinsamer Buanderie mat Wäschmaschinn an Drécker.
D’Wunneng setzt sech wéi follegt zesummen:
Entrée mat Vestiaire, groussen Abstellraum, Gäscht-WC, voll equipéiert Kichen mat Iessplaz, Wunn-/Iesszëmmer mat Zougang op de Balkon mat Bléck op de Park vun der Résidence, 2 Schlofzëmmeren, Buedzëmmer mat Douche, WC a Lavabo mat Spigelschaf.
Am Loyer abegraff:
1 Parkplaz am niveau-1
1 Privatkeller
1 Wäsch machine an trockner am Wäschraum
Eist Meenung no: Ganz schéin, hell Wunneng mat gudder Opdeelung an engem héichgehalenem Gebai.
Direkt fräi
Baujoer: 2006
Energieklass: A/B
Agencekäschten: 1 Mount Loyer (2.500 € + 17% TVA = 2.925 €), jeeweils 50 % fir Locataire a Proprietaire
Monatlech Chargen: 300,00 €
Kautioun: 5.000,00 €
Helmsange / Walferdange
D’Gemeng Walferdange läit nërdlech vun der Stad Lëtzebuerg, am Alzettetal, a gehéiert zum Kanton Lëtzebuerg. D’Stad Walferdange ass d’Zentrum vun der Gemeng, niewent den Uertschafte Helmsange an Bereldange.
An der Géigend fannt Dir e Delhaize, de Walfer Shopping Center, eng grouss Parapharmacie, verschidde Butteker, Fitnesszenteren, eng Gemengepiscine, Parkanlagen, asw.
D’Gemeng ass gutt ugebonnen iwwer:
d’Gare Walferdange (CFL Linn 10)
d’Nationalstrooss N7
verschidde Buslinnen, dorënner d’AVL-Linnen 10 a 11 (Busser vun der Stad Lëtzebuerg)
Fir weider Informatiounen oder eng eventuell Visitt, kontaktéiert wgl.
Madame Prosperi
📞 +352 621 160 729
📧 mtp@aaimmo.lu
Villmools Merci.
Mir schwätzen Lëtzebuergesch, Franséisch, Italienesch, Däitsch an Englesch.
Keng Informatioun verfügbar
Dës Websäit ass duerch reCAPTCHA geschützt an et gëllen d’ Dateschutzbestëmmungen an Allgemeng Bedéngungen vu Google.